top of page
logo Hiewann Anne
logo Lunata
logo biennaitre

Gebuert ausserhalb vum Spidol

„ Pour changer le monde, nous devons d’abord changer la façon dont les enfants naissent“

Michel Odent

“Birth is not only about making babies. Birth is about making strong, competent, capable mothers who trust themselves and know their inner strength"

Barbara Katz Rothman

Zënter Dezember 2021 offréieren  ech zesumme mat menge Kollegen Danielle a Marina Hausgebuerten oder Gebuerten an eisem Centre Lunata zu Bartreng.

https://www.lunata.lu/la-naissance

Waat mir eech ubidden :

  • een oppend Ouer fir är Erwardungen, är Froen, an versichen op är Probleemer anzegoen

  • Informatioun baséiert op aktuell wëssenschaftlechen Donnéeën

  • Kontinuitéit vun der Betreiung, an enger klenger équipe


    Conditiounen fir eng ausserklinisch Gebuert:

 

Mamm muss :

  • a gudder gesondheetlicher Verfassung sen

  • eng physiologesch Schwangerschaft hunn

  • en normale morphologeschen Ultraschall vum Puppelchen gemach hun

  • ee Pupplechen hun, deen mam Kapp no ennen leit

  • Schwangerschaft muss méi wéi 37 Wochen hun

 

Am Fall vun engem méigleche Risiko wäerte mir während engem gemeinsamen Treffen entscheeden, ob eng Hausgebuert méiglich ass.

 

Während der Dilatatioun, begleet, déi Hiewann iech, déi dir kennt. Fir d'Gebuert selwer ass eng zweet Hiewann derbei.

Duerch di individuel Begleedung, kann Hiewann fréi Unzeechen vun Probleemer entdecken an eech an Klinik transfériéieren ouni allzevill Stress. Dofir ass et wichtig, dat dir ee Gynécologue hutt, een Dossier an enger Klinik opgemach hutt an är Visit beim Anesthésiste gemach hutt

 

Am Fall vun engem Noutfall, huet Hiewann di néideg Ausbildung no iech an nom Bébé ze kucken an schnelle ze réagéieren

Fir méi Informatioun, kënnt Dir mech gaer  kontaktéieren a mir diskutéieren iwert äre Wonsch.

Logo
  • Facebook
  • LinkedIn

Tél : +352 621 731 081
E- mail : anne2374@yahoo.com

©2020 by Hiewann Anne. Proudly created with Wix.com

bottom of page