top of page

Virbereedungscouren

fir des Couren brauch dir keng Ordonnance vun ärem Dokter, si gin zu 100% vun der CNS rembourséiert

 Meng Virbereedungscouren fannen  a menger Praxis zu Mamer op folgender Adress statt

​

25, rue de la libération, 8245 Mamer

Anne 3.jpg

Ech bidden  prénatal Couren un, déi d'Elteren op verschidden Themen virbereeden, déi no de Besoinen / Interessi vun der Fra oder der Koppel bestëmmt ginn.


Ech fannen et wichtig, dass d'Elteren wessen,

  • dat et hiir Gebuert ass an

  • waat am Kierper vun der Fra virgeet,

  • wéi de Bébé sech an deser Welt remfennt an

  • wéi een et him kann mi einfach maan

Eng Auswahl vun den Themen sin folgend :

​

Infomatioun zu den administrativen Démarchen
D'Enn vun der Schwangerschaft
Waat muss a menger Valise sin?
Wini an d'Maternité goen ?
Déi verschidden Etappe vun der Gebuert
Gestioun vun der Peng
Physiologisch Gebuert
Kaiserschnett oder mi schwéier Gebuerten

Waat ass ee Gebuertsplang?
Den Openthalt an der Maternité
Niiren oder de Biberon gin
Upassung vum Puppelchen un daat neit Liewen
Déi éischt Zeit doheem

Hand auf Bump

Dës Couren ginn am klenge Gruppe vun maximum 3 Koppelen oder individuell  gehaal a gi vun der CNS  rembourséiert ( 60 Minutten / Séance)

bottom of page