Visiten no der Gebuert
All Fra hei zu Letzebuerg huet Recht op de Suivi vun enger Hiewann no der Gebuert.
D'CNS iwerhellt Käschten vun de Visiten doheem zu 100 %:
ab engem zweeten Kand bis zu 15 Deeg
bei engem éischten Kand ( mat ordonnance mam Code VSF 62)
engem Kaiserschnitt,
enger Mehrlingsgebuert
oder enger Fréigebuert (<37 Wochen)
bis zu 21 Deeg no der Gebuert
Meng Aufgab ass et
no der Gesondheet vun der Mamm an der gudder Entwecklung vum Bébé ze kucken
eng Ennerstezung ze sin an deene ville Bereicher vum Postpartum :
wéi Niiren, Biberon gin, Soin'en, Blutanalyse vum Bébé ( no 3 Deeg), Adaptatioun vum Bébé, de Schlof vum Bébé, Hormonschwankunge bei der Mamm, Unsecherheet vun den Elteren etc....
Fir mech ass et wichtig, dat dir eech doheem secher a wuel fillt, an et eech gut geet.
Ech guidéieren eech an ärem Choix,
beäntwerten är Froen an
schaffen mat eech zesummen fir de beschte Start an daat neit Liewen mat Puppelchen.
Fir mech ass et emmer flott wann, ech eech schon virun der Gebuert kenneléieren kann fir op enger gemeinsamer Basis opzebauen.